31/10/2026
NEWSFLASH – Inbetribnam vun neier PV-Anlag zu Beefort
Beefort, den 29. Oktober 2026 – D'Kooperativ Energiepark Mëllerdall an d'Gemeng Beefort hunn de 14. Oktober 2026 offiziell eng nei Photovoltaikanlag a Betrib geholl.
Op enger kommunaler Daachfläch um « Gebai C », 54, Grand-Rue zu Beefort, goufen 214 Jinko Solar-Moduler mat enger Gesamtleeschtung vun ongeféier 100 kWp installéiert. D'Gesamtinvestitioun beleeft sech op 86.024,32 Euro.
D'Gemeng Beefort huet Ufank 2026 d'Daachfläch zur Verfügung gestallt an eng 20-Joer-Konventioun mat der Kooperativ ofgeschloss. D'Installatioun gouf vun der Firma TOPSOLAR S.A. realiséiert, mat technescher Ënnerstëtzung vum Energiepark Réiden.
Déi nei Anlag produzéiert elo propper, lokal an erneierbar Energie fir d'Regioun a stellt e weidere wichtege Schrëtt op dem Wee zu enger nohalteger a klimafrëndlecher Energieversuergung duer.
Dëse Projet ënnersträicht déi gutt Zesummenaarbecht tëscht der Gemeng Beefort an der Kooperativ Energiepark Mëllerdall fir d'Energietransitioun op lokalem Niveau aktiv virunzebréngen.
@
www.energiepark-mellerdall.lu