02/06/2026
Portes ouvertes - Exposition
Mir krute vun der Fondation Etienne Lenoir, Luxembourg 15 Modeller vun historesche Motoren. Dës fonktiounsfäheg Modeller goufe vum Camille Goudembourg gebaut. Iwwert d'Fondatioun Lenoir sollen Modeller dem Public zougänglech gemaach ginn.
Mir hunn déi grouss Chance, datt dës Modeller lo fir d’alleréischt ausgesstallt ginn an dat bei eis am Bouneweger Lycée (Vitrine am Haaptgebai um 1. Stack tëscht dem Sall 116 an 118).
Op eiser Portes ouvertes kënnt dir iech alles a Rou ukucken.