27/06/2026
Wéinst der grousser Hëtzt sinn och haut d'Zäiten op der Piste an och eis Schaff-Zäit am Paddock gekierzt ginn. Mir hat am Paddock-Zelt zäiteweis iwwer 40°C.
De Moien si mir 2 mol un de Start gaangen, awer leider ouni groussen Erfollëg. Déi 1. Kéier huet eis Motorsteierung erëm Problemer gemaach, wéinst Falschloft am Ansaugtrakt.
No der Reperatur hate mir beim 2. Laf dunn leider e strategesche Fehler gemaach, wouduerch mir zum Schluss déi maximal Zäit vun "22min pro Laf" ëm 6 Sekonnen iwwerschratt haten. Domat war eisen Laf nitt gülteg. Parallel hunn déi Offiziell vu Shell awer och e Fehler bei eisem Fuelmeter festgestallt. Mir hunn den dunn mëttes duerch en aneren ersat kritt, an d'Bensin-Leitungen ugepasst.
Doniewt huet eis Ekipp och missten de Lenksystem nei astellen, well d'Steierung an de Lenks-Kéieren zimlech schwéier gaangen ass.
Lo ass den Auto erëm prett.
Och fir mar Moien sinn d'Startzäiten wéinst den Temperaturen elo gekiertzt ginn. Mir kënne mar ab 7:30 just nach 1 mol un de Start goen. Mir rechnen nitt domat, dass mir bis 9h nach en 2. Start packe wärten. Eis Leit loosse sech dovun awer nitt ënnerkréien. Et gëtt weider geschafft a gelaacht. ☺️
Um Camping hu mir owes och nach ëmmer eng gutt Stëmmung beim Barbecue a bei Marshmallows um Feier. 😎🍡
Stay tuned!